xxx GENEALOGIE François MEISCH GENEALOGY
fm logoA



Mein Altwies ...

oder
meng, durch Nofuerschen, obgefreschten Erennerungen un
een Duerf wou ech meng eischt 3 Joer mat menger Famill gewunnt hunn an duerno nach ganz oft vill Zeit do verbruecht hunn - loos mer mol soen bal bis ech een Twen gin sin ...
Dank mengem Monni René an senger Fra kann ech mech och haut nach gemitlech do ophaalen !

Altwies ass ganz no bei Mondorf (-Bad oder -les-Bains). An waat war also mei einfach wei seng Sonndecher an Feierdeeg do ze verbrengen. Et war jo nemmen e kurzen Spazeiergang bis dohinner. Wei oft mir deen Wee wuel getreppelt sin - iwer d'Haaptsross oder iwer den Kaaschtel, emmer war et schwiereg fir, wann mer zereckkoumen, net en kleng Halt am Café nirwt dem Gebei vum "Mondorfer Wasser" ze maan.

An, zu Mondorf war och vill lass elo mol nemmen een Beispill: d'Christophorus-Feier wou d'Gefierer geseent gin sinn, op der aanerer Seit vum Hercule GRUN sengem Denkmol - wou also d'Denkmal am Ufang stong - (WikiLUX huet och schons een Artikel iwer "desen stärksten Mann vun der Welt" op hirem site). An dann Mondorf Bad mat sengem herrlechen Park. Wei gär sin mier do mat den Nachen gefuer ... oder hunn gratis Spiller an den Alleen benotzt ...

Nodeem den Fernseher emmer mei Ausflich an Geigenden vun der ganzer Welt als virtuell Visiten erlaabt huet (Plaatzen wou een Enzelnen wuel selten gif hikommen) an de leschten Joeren ass et jo hautdesdags och waat d'Nofuerschen doheem virum Rechner ugeet baal e Kannerspill gin fir "epeps waat een sicht" ganz schnell ze fannen. Emmer mei aal Dokumenter an Pulikatiounen lossen sech unkucken an privaat secheren daat heescht benotzbar maachen fir sech eng eegen Dokumentatioun zesummenzestellen. Do, daat heescht an der neier virtueller Welt, kann een dann och op immens vill Matbirger aus der ganzer Welt zielen dei sech eng Fred draus maachen Resultater vun hier eegen Arbecht mat hieren Matmenschen ze deelen
(ech hunn eis Kaatz, dei sech oft bei eis gesellt an alles ganz intensiv verfollegt, nach net gesin een PC ze bedengen mais keint mir daat awer trotzdeem bei "Afen" z.B. virstellen ... wann si esou een fir sie bereetgestellten environnement iwer hieresgleichen geifen fannen ...).

An, dann ass et jo emmer erfreelech wei gut een empfaangen get wann een bei den "liéwegen" Leit uklappt fir seng genea-logesch Recherchen e beschen auszedeenen ...
...

15.10.1939 A-Z No 42, Jahrgang 7: Luxemburger Grenzwache

dont ALTWIES

a
luxemburgensia.bnl.lu: A-Z : Luxemburger illustrierte Wochenschrift - 15/10/1939 No 42
a


a

a

a

a