14.06.2004
MEISCH
Genealogy
| Verwonnert war ech wei ech en
gudden Sondeg, op
de Spueren von mengen "Mammenvirfahren vaeterlecherseits", an d'Geigend
vun Wahl kucke gefur sin an mer dunn als eischt zu Rindschleiden
( op der Kreizung war
daat Scheld intuitiv "dei eischt Richtung" deen Daag ) d'Kirch an de
Kierfeg ugekuckt hun
... an do gleich meng Iwerraschung haat: direkt, net ze verfeelen, riets vum Agang vun der Kirch hunn ech e Graftsteen gesinn mat den mir bekannten Nimm FASSBINDER an DAX ... Do koum dann awer och den Numm LUCIUS nach derbei ... deen ech awer net kannt hun aus mengen genea-logeschen Recherchen bis dohin, mais dei aaner Nimm an Virnimm waaren mir net onbekannt ! Speziell d'Barbara DAX war emmer an mengem Hannerkapp zanter dass ech sein Numm op engem Akt gelies haat an ech war baff erstaunt virun engem aalen Familjengrawt ze stoen! Den aktuellen Paschtoeur am Haus dernirwt, ganz hellefreich, konnt mir awer net mam Grawsteen hellefen ("neischt mei hei vun den Kirchenakten") mais hir soot dunn awer e beng Keier: "Den Haer do (mat sengem Hond ass en jonken Haer ganz zoufaelleg laanscht gaang) kennt sech gudd hei aus". Et huet keng Minutt gedauert du soot deen Haer: "Meng Groussmamm war eng FASSBINDER ... an ech wunnen hei just dernierwt zu Heispelt ..." Esou hun ech dei Branche vun mengem Boop Martin FASBINDER also ganz einfach "erem entdeckt" - meng Mamm an mei Monni waren natierlech ganz iweerrascht ... an mir waren nach mei iwerrascht dass et och vun daer Branche schons US-Emigranten get. Natierlech sin ech mat menger Mamm laanscht gaang an esou vergreissert sech natierlech d'Wessen em engem seng Famill mais aweer och de Koup vun Fotoen an Dokumenter fir d' Familienchronik ...an d'genea-logesch Arbecht hellt alldaag zou ... Mais, et ass jo awer genau daat waat den Zweck ass bei esou enger Arbecht - d'Emfeld vun den Virfahren kennenleiren an dei ponktuell Erreignisser (Openthalt am Ausland : weini, firwaat ...) dei all zesummen d'Wurzelen sin vun deenen heidegen Familijenmatglieder ... |

| Dei aaner Branche vun mengem
Boop hun ech op an Hinweis vun menger Tata Maria erem fonnt dei selwer
mat op Ningsen
gefuer war, mat menger klenger Cousin Marie-Jean, fir hir
Jugenderennerungen opzefreschen an ech dun dofun gewuer gouf.. Wei ech dann dun selwer dohin gefuer sin war den Wirt vun Ningsen nach eng Keier bereet seng Roll als grouss Hellef och fir mech ze spillen - esou hunn ech dun owes doheem den Lien erem kennen hierstellen deen esou 1935 verluer gaangen war mat der Famill vun menger Mamm hierem Papp. |
| Eis Sprooch Dëse Site adresséiert sech un all Lëtzebuerger, déi hier Sprooch emol endlech wëlle richteg kenne léieren, an u jiddereen, deen nach besser a senger Mammesprooch wëll gin. gesponsort ... Inrtro Lëtzebuergesch |
LuxDico.com IwersetzungsMaschinn online |
| Radio 100,7 - Forum :
Inséré
le 06.10.2003 par Lorang
Jacques Sou wait ech wees gët sech den 100komma7 grouss Mei fir correkt lëtzebuergesch ze schreiwen an ech mengen daat ass och alles zimlech richteg. Wann ët Iersch awer interesseiert hei zwou Saiten wou dir koherent Informatiounen iwwert Orhtographie an Vokabelen aus dem Lëtzebuergeschen kënnt fannen : http://www.luxdico.com http://www.eis-sprooch.lu |
|